Retour à tous les événements

Workshop vun der DP3ED an der Maison Relais zu Dikrech

Déi lescht zwou Wochen hat eis DP3ED d'Méiglechkeet fir hiren HanBe-Kurs iwwer Hauswirtschaft ganz praktesch ze erliewen: D'Maison Relais vun Dikrich huet hinnen a klenge Gruppen ee Workshop organiséiert, wou si hier Theorie an d'Praxis ëmsetze konnten: Spull maachen a Kiche botzen, de Kanner hier Buffeten opfëllen an hiren Iessberäich propper hale bis hin zum HACCP-conformen araume vun Iesswuere war alles dobäi. 

Nieft dem Anhale vun Hygiène-Virschrëfte stounge virun allem Wäerter wéi géigesäitege Respekt an eng gutt Zesummenaarbecht am Fokus, vun där jidderee spéiderhin an der Beruffswelt profitéiert. 

Ee risege Merci geet engersäits un all eenzele Schüler an anerersäits un d'Maison Relais Dikrich an hier mega Kichenequipe fir dës Kooperatioun. Mir komme gären erëm!

Précédent
Précédent
6 février

Fun In Athletics

Suivant
Suivant
12 février

Live Session mam Bangladesh