Retour à tous les événements

Projet “What's your story?"

De 15. Januar hunn d’Schüler vun de Klasse 7PF1 an 5PF1 zesumme mat hire Regentë Mme Mathieu a Mme Do Rio de Projet « What’s your story? » mam #CNA zu Diddeleng gestart. D’Zil vum Projet ass, dass si méi iwwer hier Wuerzelen an hier Kultur gewuer ginn an doriwwer mat hire respektive Klassen diskutéieren. Dëse Projet gliddert sech an an de neie Projet d’établissement vum NOSL « Deng Kultur, meng Kultur, eis Kultur ».

Si hunn den CNA zu Diddeleng besicht a sinn eppes iwwer Archiven a kollektiv Memoire gewuer ginn. Wärend den nächste Méint schaffen d’Schüler zesumme mat hiren Enseignanten an dem CNA un enger Produktioun, déi bis de Summer hier kulturell Identitéit representéiert. Mir si gespaant op d’Suite vum Projet.

Précédent
Précédent
14 janvier

Visite MNAHA

Suivant
Suivant
17 janvier

Projet "Kulturwerbung"