Retour à tous les événements
De Projet "Kulturwerbung", dee vun der Enseignante Madame Racheva an d'Liewe geruff gouf, huet d'Zil déi lëtzebuergesch Kultur ze propagéieren.
Fir dëse Projet hunn d'Schüler vun der 1GSO a klenge Gruppen zesummegeschafft an doduerch si ganz flott Aarbechten entstanen : Affichen iwwert de Geschichtsmusée, e Video iwwert de Chrëschtmaart, Erklärungsmaterial iwwert d'Kathedrale an der Stad, etc. Souguer eng Performance zum Thema Schueberfouer gouf an der Klass organiséiert.