Als Ofschloss vum Projet "Connected schools" hunn d’Schüler vun der 3GSO an Zesummenarbecht mat der ONG Friendship, e Freiden, de 24. Mee um Fridhaff 200 Beem geplanzt. Dëst ass an Zesummenarbecht mat der ANF an der Gemeng Dikrech geschitt.
Hei e klengen Androck vun enger Schülerin :
“Mir als 3GSO aus dem Nordstad-Lycée vun Dikrech hunn an Zesummenaarbecht mat Friendship de Projet Bangladesch realiséiert. Mir hunn als Klass Plakater, Videoen a Fotoen erstallt fir hinnen eis Kultur, eisen Alldag an eist Liewe virzestellen. Zesumme mat der Madame Majerus hu mir u Livesessions mat enger Klass aus dem Bangladesch deelgeholl an eis géigesäiteg Froen zum Klimawandel, dem Alldag an dem Liewensstil gestallt. Mir hu festgestallt, dass mir an Europa den Haaptausléiser vun hire Problemer op d’Ëmwelt bezu sinn. Dofir wollte mir als Klass eppes maachen, wat der Ëmwelt gutt deet. Mir hunn eis dozou entscheet, Beem planzen ze goen an domat eppes Positives ze bewierken. Am Oktober 2024 ginn 3 Schüler aus eiser Klass fir méi wéi eng Woch an de Bangladesch fir d’Schüler, hier Liewens Aart a Weis an d’Klimasituatioun kennenzeléieren.”