Filmprojektioun « Les défis de la Grande Barrière de Corail » vun der Fondatioun 1Ocean - engem UNESCO-Projet
Déi läscht Woch huet d’6C an d’4C zesumme mam Här Hinger an der Madame Majerus den Documentaire vum Alexis Rosenfeld sech dierfen am Kinepolis ukucken. An deem Kontext goung et drëms d’Schüler fir d’Erhëtzung vun den Ozeaner an hir Konsequenzen ze sensibiliséieren. Si hu ganz impressionnant Biller iwwer d’Biodiversitéit an dëser Regioun vun der Welt gesinn, mat de Schildkröten , de Fësch mee virun allem de Korallen , déi an dëser Regioun staark bedrot sinn.
Um Enn vum Film, hate si d’Chance, dem Taucher Alexis Rosenfeld, dee vill vun dëse Biller mat opgeholl huet, Froen ze stellen.
Dëst huet stattfonnt am Kader vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung, eent vun den Zieler vun den UNESCO-Schoulen, e Reseau an deem de Nordstad-Lycée dran ass.
Dësen Event huet och a Präsenz vum Grand-Duc Henri stattfonnt. No der Seance hunn si dem Grand-Duc dierfe Froe stellen, iwwer seng perséinlech Astellung zum Klimawandel a Klimaschutz. D’Schüler ware begeeschtert an et war eng flott Saach, un déi si sech sécher nach laang erënnere kënnen.
© Fotoën IMS Luxembourg