Retour à tous les événements
E Méinden den Owend 16. Dezember waren déi 5 Schüler aus dem Nordstad-Lycée, déi Enn Oktober 2024 an de Bangladesh gereest sinn, d’Optiounsklass an d’2GSO, an d’Banque de Luxembourg invitéiert fir hei virun anere Schüler an den Donateure vun der ONG Friendship vun hiren Erliefnisser ze zielen.
Si haten d’Chance d’Runa Khan, Grënnerin vun der ONG ze interviewen. Och d’Protest leaders Aysha a Snigdo sinn aus dem Bangladesh agereest fir virun engem Auditoire vun 160 Leit vun der Revolutioun déi am Juli stattfonnt huet ze temoignéieren.
Et war e gelongenen Owend mat ville flotten Andréck an neien Erfarungen a mir felicitéieren eise 5 Schüler vun der 2GSO, dat se de Courage hate virun dësem Auditoire ze schwätzen.