Vum 22-23 Mäerz huet eng Ekipp aus dem Nordstad-Lycée sech zesummegedoen an ass ofwiesselnd wärend 24 Stonne getrëppelt oder gelaf. Et war dëst Joer déi 20. Editioun vum Relais pour la Vie. Dëse gëtt ëmmer vun der Fondation Cancer organiséiert fir Suen ze sammelen, mat deenen si betraffe Leit ënnerstëtze kënnen, an d’Präventioun an an d’Recherche investéieren.
E grousse Merci u follgend Klassen aus deenen entweder déi ganz Klass oder e puer Schüler derbäi waren: 7PF1, 5PF1, 7G1, 6G1, 6G2, 4C, 3GTS2 an DP2EDF1 ! E grousse Merci och un ZAK déi eis nees ganz tapfer ënnerstëtzt hunn ! Merci jidderengem deen derbäi war ! A Merci jidderengem deen duerch e klengen oder groussen Don déi wichteg Aarbecht vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt !
Hei e kuerze Video mat flotten Impressiounen!