D’Gewënner vum eisem alljährleche Schreifconcours sti fest! Am Kader vun de Journées du Livre et du Droit d’Auteur gouf och dëst Joer am NOSL e Schreifconcours organiséiert. D‘Thema war „Helden“. Dëst Joer krute mir insgesamt 16 flott Geschichten eragereecht.
Hei dann de Klassement vun eise 5 Gewënner mat hiere Geschichten:
Joé Weis (4C) - Helden
Karla Soc Gonzalez (5G2) - Héroe
Max Wagner (6G3) - Frittenfritz
Elano Salomão Silva (7G1) - La héroine
Erick Mendes Fonseca (5G1) - The heroes of the little boy’s life
VILLMOOLS MERCI un all d’Schüler déi dëst Joer matgemaach hunn a FELICITATIOUNEN un eis 5 Gewënner! E grousse MERCI och der Madame Krux, der Madame Moreira, der Madame Pinto an der Madame Racheva, dass sie Deel vum Jury waren.