Retour à tous les événements

Scheckiwwerreechung Asha4Children

E Freiden de Mëtten, den 28ten Mäerz, hunn d’Schüler vun der 7PF1 e Scheck iwwerreecht am Wäert vun 300 EUR un d’ONG Asha4Children, fir d’Kanner aus enger Schoul am Nepal z’ënnerstëtzen. Si hu wärend 3 Wochen an der Paus Kuch verkaf deen se selwer gebak hunn, fir den Erléis der Mme Ernster Tanja, Presidentin vun der Associatioun, z’iwwerreechen. Matt dëse Sue kréien d’Kanner dohanne gehollef fir sech neit Material an Uniformen unzeschafe fir de Schoulstart vum Schouljoer 25/26. 

E grousse MERCI de Schüler fir hiren Asaz an all deenen déi dat eent oder anert Stéck Kuch kaf hunn.

Précédent
Précédent
27 mars

LASEL Futsal

Suivant
Suivant
31 mars

Skistage