Retour à tous les événements

DP2EDF1 op Visitt am Spillzenter

🎲✨Spaass a beräicherenden Dag fir eis DP2EDF1 Klass an hir Enseignanten Madame Carvas an Här Izberovic! 📚

E Freideg, den 13. Dezember 2024 si si mat vill Freed am Spillzenter empfaange ginn. E Moie vun Exploratioun a spannender Entdeckung vir eis Schüler. Si konnten déi faszinéierend Welt vum Spill entdecken an hunn hiert Wëssen op eng lëschteg an interaktiv Manéier ëmgesat. 

E grousse Merci un d'Mataarbechter vum Spillzenter fir hir wäertvoll Berodung iwwer déi praktesch Ëmsetzung vum nationale Rahmenplang an der non-formeller Bildung. Dës Erfarung war eng richteg Inspiratiounsquell fir eis zukünfteg Agents socio-pédagogiques.

Précédent
Précédent
13 décembre

Schoulfoire vun de Lycéeën aus der Nordstad

Suivant
Suivant
13 décembre

Projektioun vum Film "Hors d'haleine"