Retour à tous les événements
En Dënschdeg, den 10. Dezember, ware verschidde Schüler vun der 7e classique de Concert vum Choeur de Chambre de Luxembourg an d'Philharmonie lauschteren. Si konnten d'Leidenschaft vun hirem Museksproff, dem Här Antonio Grosu, bewonnere, mat där hie säi Chouer an den Orchester am Grëff hat an sou d'Publikum a säi Bann gezunn huet.